Invité vun der Redaktioun (20. August) - Alexandra Oxacelay"Dat Soziaalt ass e Faass ouni Buedem"

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie war d'Aarmut Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Alexandra Oxacelay
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Stëmm vun der Strooss huet dëst Joer hiren 30. Gebuertsdag gefeiert. An deene leschten dräi Joerzéngten huet sech d'Bild vun der Aarmut zu Lëtzebuerg immens vill verännert, seet d'Directrice Alexandra Oxacelay, déi zanter 28 Joer mat derbäi ass. Ganz am Ufank goufen et nach net vill Strukturen an Associatiounen um Terrain, "mee d'Problematik war och vill méi kleng an d'Leit konnt een nach verstoppen hannert de Maueren, wat een haut net méi ka maachen."

Et ass méi anonym op der Strooss ginn

Haut géing ee vill méi Working poor empfänken, seet d'Directrice vun der Stëmm vun der Strooss. Dat war fréier net de Fall, "wann d'Leit eng Aarbecht haten, da konnte se nach vun där Aarbecht liewen. Si konnten dezent dovunner liewen." Et hätt een nach ëmmer ganz vill Jonker a vill Leit, déi aus dem Ausland bei si kommen, och vill Migranten, déi hei keng Rechter hunn. Et hätt een och ganz verschidde Kulturen. Gläichzäiteg wier d'Aarbecht méi anonym ginn. Fréier hätt een Zäit gehat, fir op d'Leit duerzegoen, haut wier et méi quantitativ an och d'Aggressivitéit um Terrain hätt zougeholl. D'Sozialaarbechter missten haut méi Formatioune maachen, fir sech op dat aggressiivt Verhale virzebereeden. D'Stëmm vun der Strooss hätt dofir zanter 2015 och Sécherheetsagenten. Der Direktesch no hätt dat eventuell och domat ze dinn, dass mëttlerweil vill méi Leit hei am Land déi Drog "Crack" géinge consomméieren."Et ass nei, datt zu Lëtzebuerg Crack konsuméiert gëtt." Dat géif méi aggressiv maachen.

Firwat landen d'Leit op der Strooss?

D'Wunnengsproblematik géing dacks op den Dësch kommen, wann een d'Leit freet, firwat se op der Strooss sinn. Vill Leit kéinte sech d'Präisser um Lëtzebuerger Wunnengsmaart einfach net méi leeschten. Si kéinten och net iwwer d'Grenz goen, well se da keng Rechter méi hätten a keng Ënnerstëtzung méi vum Staat kréien. "Also hu se keen anere Choix, wéi hei zu Lëtzebuerg eng Wunneng ze sichen, an där ginn et der net." Fir d'Directrice ass de Wee zeréck an d'Gesellschaft däitlech méi schwéier wéi den Ofstig an d'Aarmut.

Et geet ni duer: dat Soziaalt ass e Faass ouni Buedem

Ginn d'Moyene vun der ASBL duer, wann d'Zuelen ëmmer méi klammen? Et misst ee mat deene Meedercher danzen, déi een huet, sou d'Alexandra Oxacelay. "Dat Soziaalt ass ëmmer e Faass ouni Buedem. Et geet ni duer. Mir kënne jo och net de Misär vun der ganzer Welt léisen". Et dierft een awer anerersäits och net d'Leit jugéieren, déi op Lëtzebuerg kommen, fir hei e bessert Liewen unzefänken. A fir déi Leit, déi schonn hei sinn, wier et schwiereg, erëm Fouss ze faassen. "Et geet am Fong vill méi séier, fir biergof ze goen, wéi fir erëm biergop ze kommen." E Lach am CV, kee Schoulofschloss oder Sproocheproblemer kéinten duergoen, fir et schwéier ze maachen, eng nei Aarbecht ze fannen. "An dofir ass déi Klufft tëscht Aarm a Räich, déi ass bei eis, mengen ech, vill méi prononcéiert a vill méi staark."

Hëtztwell: Strukture mussen och am Summer op sinn

Nieft dem Wanter stellt och de Summer mat de Canicullen d'Leit op der Strooss virun eng zousätzlech Erausfuerderung. D'Stëmm vun der Strooss begréisst dowéinst, dass d'Struktur vun der Wanteraktioun um Findel punktuell soll opgemaach ginn. Aus der Siicht vun der Directrice geet et awer net duer, Nout-Strukturen nëmmen an de kale Méint ze hunn. "Mir hu genuch Strukturen, mee si sinn net laang genuch op. Ech mengen, mir kéinten nach méi effikass schaffen." D'Alexandra Oxacelay plädéiert dofir, d'Ëffnungszäiten auszebauen an d'Offer och méi dezentral ze maachen, notamment am Norden.

Et feelt u Plaz

Bei der Stëmm vun der Strooss wier de Budget aktuell net den Haaptproblem, erkläert Alexandra Oxacelay. D'Limitte géife virun allem bei den Infrastrukture leien. Zu Ettelbréck am Restaurant wier net genuch Plaz. Do wier een derbäi, mat der Gemeng no Léisungen ze kucken. D'Associatioun wënscht sech am Norden eng méi grouss Struktur. An d'Invitée wier gudder Déng, dass een do géing virukommen. D'Zesummenaarbecht mat de Gemenge wier dobäi essentiel. D'Stëmm preparéiert all Dag 750 Moolzechte fir déi dräi Restauranten an der Stad, zu Esch an zu Ettelbréck. An der Stad gi ronn 400 Leit empfaangen. Méi Plaze géif natierlech erlaben, nach méi Leit ze hëllefen, well aktuell wier een do vir bäi an hanne widder.

D'Stëmm vun der Strooss ass net nëmmen eng Plaz, wou Leit iesse kënnen. D'ASBL bitt och Aarbechtsplazen u fir Mënschen, déi um éischten Aarbechtsmaart keng Aarbecht fannen. Ronn 250 esou Plaze géifen et aktuell ginn. D'Stëmm preparéiert och Iesspäckelcher a Kooperatioun mat der Banque alimentaire, déi si gratis un 10 Associatioune verdeelen, mat deene si zesummeschaffen.

Neie President no internen Divergenzen

Enn Juli huet d'Stëmm vun der Strooss och en neie President kritt: den Arno Bache. Säi Virgänger André Dübbers war no "gréisseren Divergenzen" am Conseil zeréckgetrueden. D'Alexandra Oxacelay confirméiert, datt et Divergenze souwuel an der Direktioun wéi och am Verwaltungsrot gouf. Dës wieren awer intern geléist ginn. "Mir hunn d'Saach net d'selwecht gesinn. An ech mengen do, wou Mënsche sinn, do mënschelt et." Et wier een elo frou, fir mat engem neie President, en neie Start kënnen ze maachen.

Appell nom Interview

Nom Interview huet d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss nach den Appell gemaach, al Krätschen a Rollatoren un hir ASBL ze spenden. Wien also doheem nach esou Geräter huet, soll se einfach an engem vun den dräi Restaurante vun der Stëmm - entweder zu Esch, an der Stad oder zu Ettelbréck - ofginn.

En Donneschdeg de Moie war d'Aarmut Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO