“De Loun an engem Betrib muss erageschafft ginn” an “de Mindestloun ass net do fir Sozialpolitik ze maachen”. Dat huet d’Entrepreneuse a Vizepresidentin vun der Handwierkerfederatioun Alexa Ballmann en Donneschdeg de Moien hei op RTL deklaréiert. Am Interview huet een nees den Däiwelskrees vu Loun a Präishaussen erkannt, deen déi deier Wunnpräisser verursaachen.
Am Handwierk wieren d’Margë “fréier” ëm 5% gewiescht, haut wieren et vläicht nach 2%, esou d’Alexa Ballmann, déi 2 Schéinheetssalone bedreift. Si huet gefrot, wou een d’Sue soll huelen, fir eng Hausse vum Mindestloun ze bezuelen? D’Präisser wiere scho geklommen a wann ee se nach méi an d’Luucht géing setzen, géing een net just riskéieren Clienten ze verléieren, mee et géing een d’Hausse vum Mindestloun souzesoen och nees neutraliséieren: “et ass kloer, datt wann d’Léin an d’Luucht ginn, datt all d’Prestatiounen an d’Luucht ginn”.
Si huet Beispiller wéi de Restaurant oder de Coiffeur genannt, déi da méi deier ginn an deen, deen de Mindestloun kritt, sech déi dann no der Hausse nees net méi kéint leeschten an nach manner eng Wunneng. “Dann hu mer nees näischt geschafft”, esou d’Entrepreneuse.
Sinn d’Paien am Handwierk dann attraktiv? “D’Perceptioun” vum Handwierk misst “dobaussen” änneren, esou d’Alexa Ballmann. Dat géing goen, andeems een d’Handwierk aus all Niveau eraus kéint léieren. Bis elo wier d’Handwierk ugesinn ewéi e Choix duerch den Echec, respektiv well ee keng aner Méiglechkeet hätt. Dat soll et net sinn, esou d’Entrepreneuse.
DAP 1ère keng Konkurrenz zum klasseschen DAP an Apprentissage
Am Interview mam Alexa Ballmann ass et en Donneschdeg de Moien och haaptsächlech ëm den neien DAP 1ère – den Diplôme d’aptitude professionnelle – gaangen, deen den Educatiounsministère an d’Handwierkerkummer am Januar fir déi nächst Rentrée ugekënnegt hunn. D’Entrepreneuse huet verséchert: den neien DAP ass keng Konkurrenz fir de klasseschen Apprentissage, dee bestoe bleift. Och wann den neien DAP an engem Joer ka gemaach ginn amplaz 3 an och wa si puer Mol den Adjektiv “intensiv” benotzt, huet en ze beschreiwen, géing e keng Verwässerung vun der Qualitéit vum Diplom duerstellen.
D’Alexa Ballmann huet erkläert, datt éischtens d’Examen déi selwecht wieren, zweetens eng Ganzdagsschoul wier an drëttens am Géigesaz zum klasseschen Apprentissage aner Fächer ewechfalen ewéi Mathé oder Sproochen, well een déi scho virdru gemaach huet. Donieft wier ee fir den DAP 1ère scho méi “mature”.
Fir si wier den neien DAP eppes, wat hei am Land gefeelt hätt, well ee virdrun nieft dem Apprentissage just d’Méiglechkeet hat, Joren ze verléieren, wann een zum Beispill nom Klassik oder nodeems ee scho geschafft huet, en Handwierk wollt léieren.
Op d’Fuerderung vun der Amelux, der Associatioun vun de Meeschter am Handwierk an den SEW/OGBL, fir ee méi laangen DAP an e Joer no der Première ugeschwat, huet d’Alexa Ballmann geäntwert, datt effektiv a verschiddene Beruffer festgestallt gi wier, datt 3 Joer net méi duerginn. Mee hei handelt et sech ëm de klasseschen Apprentissage erëm an aner Beruffer ewéi déi, déi mam neien DAP virgesi sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.