
Se gëllt domat bis e Samschdeg kuerz virun Hallefnuecht, also 23:59 Auer. Gewarnt gëtt nees virun engem "héijen thermesche Stress". Déi héich Temperature géifen deemno zwee Deeg hannerteneen unhalen. Bei engem ze laangen Openthalt dobausse wieren Erschëpfung oder souguer en Hëtzschlag méiglech.

Fir den Norde vum Land gëllt weiderhin eng Alerte jaune.
Wat de Reen ugeet, dee sech fir e Samschdeg erwaart gouf, do gesäit et aktuell éischter dono aus, wéi wann dorausser net vill bis näischt gëtt. D'Temperature bleiwen héich bei 32 bis 38 Grad. Lokal kann eventuell emol eng kleng Schauer erofkommen. An der Nuecht op e Sonndeg sinn da weider Schauere méiglech, an eventuell och lokal Donnerwiederen.