
Den Thermometer klëmmt bis e Freideg nees. Dowéinst huet Meteolux e Mëttwoch de Moien hir Warnung "Alerte Jaune" vun en Dënschdeg och verlängert an op dat ganzt Land ausgeweit. An der Mëttesstonn du koum e weideren Update vum nationale Wiederdéngscht: Vun en Donneschdeg bis e Samschdeg geet d'Alerte fir de Süde vum Land vu "Giel" op "Orange" erop:
"Alerte Orange. Un stress thermique élevé est attendu, avec une température ressentie élevée persistant pendant au moins deux jours consécutifs, pour le sud du pays."

D'Alerte Orange trëtt vun en Donneschdeg um 7 Auer a Kraaft a gëllt elo emol fir 48 Stonne bis e Samschdeg de Moien, dat aktuell emol och fir de Süden. Vum Donneschdeg de Moie u gëllt eng Alerte "Jaune" fir den Norde vum Land, dëst och bis e Samschdeg de Moien.
Konkreet gi sech, no engem Maximum vu 34 Grad e Mëttwoch, fir en Donneschdeg Temperaturen tëscht 34 a 36 Grad erwaart. E Freideg sollen et souguer bis zu 37 Grad ginn. Vun e Samschdeg u soll et sech dann awer nees e bëssen ofkillen, aktuell ginn d'Temperature bis 33 Grad erwaart, dat mat méigleche Reeschaueren. E Sonndeg an e Méindeg falen d'Temperaturen dann nees op ëm respektiv deelweis esouguer ënner 25 Grad. Och hei ass nach mat Reen a ville Wolleken ze rechnen.
Vum Waasserwirtschaftsamt heescht et da weider, datt ee weider an der "Phas Vigilance" ass, déi fir d'Drénkwaasser zanter dem 10. Juli gëllt. D'Hëtzt suergt dofir, datt méi Waasser consomméiert gëtt, wärend d'Ressourcen awer ënner Drock bleiwen. D'Bierger an d'Betriber sinn opgeruff, fir Waasser ze spueren an net essentiellt Notze vum Waasser op e Minimum ze reduzéieren.