Invité vun der Redaktioun (30. Juli) - Alain Reuter1% Croissance vum Emploi kann net den Zouwuess u Rentner opfänken

François Aulner
En Donneschdeg de Moie war d'Pensiounsdebatt Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Alain Reuter
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Pensiounssystem war d'lescht Joer nach knapp am positive Beräich. Duerch d’Upassungen, déi Enn d’lescht Joer ënnerholl goufen, kritt de System "eng Otempaus". Dat fir iwwer weider strukturell Upassungen nozedenken. Esou kann een d’Aussoe vum President vun der Pensiounskeess Alain Reuter en Donneschdeg de Moien hei op RTL graff resuméieren. Den Alain Reuter huet erkläert, datt d’Ausgabe vun der Keess d’lescht Joer nach esou just ënnert der Cotisatiounsmass, déi den Aarbechtsmaart hiergëtt louchen. Rieds geet vun der "Prime de répartition pure", déi bei 23,71% louch (esou ewéi am Joresrapport ze liesen ass) – de President vun der CNAP sot, d’Joer virdrun hätt ee "gefaart", op 23,9% ze kommen. Esou oder sou wier fir hie kloer gewiescht, datt wann dee Parameter no u 24% kënnt eppes misst ënnerholl ginn.

D’CSV-DP Majoritéit huet Enn d’lescht Joer ënnert anerem d’Cotisatiounen op 25,5% eropgeschrauft. Donieft huet se eng progressiv Hausse vun der Cotisatiounszäit an eng nei progressiv Rent mat Abattement decidéiert. Dem President vun der Pensiounskeess no wier ee vun de Stéchdatumer - wéini d’Reserv ënnert de Seuil vun 1,5% vun den Ausgabe fält - ëm 4 Joer op 2041-42 no hanne geréckelt. Dat géing vläicht déi néideg Zäit ginn, fir iwwert en Horizont vu 40 bis 50 Joer "ze kucken", wat een nach misst ënnerhuelen, fir "net nëmme fir eis, mee och fir eis Kanner u sech" e gudde System kënne bäizebehalen.

Vereinfacht ass d’Rechnung ganz einfach: Virun 20 Joer ass den Aarbechtsmaart ëm 4% gewuess an déi Leit géingen an den nächsten 10 bis 15 Joer hir Pensioune froen. Eng Croissance vum Aarbechtsmaart vu just 1% "dat geet net duer, fir dat opzefänken", esou den Alain Reuter. Ënnert deene Conditioune wier d’Prime de répartition pure séier iwwert 24 a 25,5% an da wier een "an der Bedrängnis" fir un d’Rentereserv "knabberen" ze goen.

"De Stress war intensiivst, en ass awer elo besser"

Eng Rentereform ass, wéi mer d’lescht Joer erlieft hunn, e schwieregen demokratesche Prozess. Ma dat ass och d’Ëmsetzung vun de Mesuren, wa se bis decidéiert sinn. Ewéi RTL am Januar gemellt hat, hunn intern Dokumenter gewisen, datt d’Upassunge fir vill Kappzerbrieches gesuergt hunn. Den Alain Reuter sot, d’CNAP hätt schonn nom Depot vum Gesetzprojet am Oktober Analyse gemaach a sech mam Sozialministère vum Martine Deprez ausgetosch. Datt Präzisiounen néideg sinn, wier "normal" an engem demokratesche Prozess. Et wier awer effektiv "ganz séier" gaangen tëscht Oktober an Dezember. Elo hätt d’CNAP awer "Gewëssheet", datt et "richteg programméiert" wier.

Den Alain Reuter huet um Schluss vum Interview zouginn: "De Stress war intensiivst, en ass awer elo besser." D’CNAP krut och per Reglement zousätzlech 69 fest Plazen iwwert e puer Joer zougesprach. 10 goufe scho rekrutéiert.

Interessant war nach en Donneschdeg de Moie gewuer ze ginn, datt d'CNAP éischt Demandë kritt huet fir déi nei "Pension progressive". Detailer dozou fënnt een um Internetsite vun der CNAP.

Invité vun der Redaktioun: Alain Reuter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO