Am Laf vum 19. Joerhonnert sinn Zéngdausende Lëtzebuerger an d’USA ausgewandert, well se sech do besser Liewensbedingungen erhofft hunn. Déi Meescht vun hinnen hu sech an der “neier Welt” eng nei Existenz opgebaut a sinn, wann iwwerhaapt, just nach sporadesch op Lëtzebuerg zeréckkomm. Ma trotzdeem ass de Kontakt mat der aler Heemecht dacks iwwert Joerzéngten ewech oprechterhale ginn. Een neie wëssenschaftleche Projet mam Numm “Growing Community Luxembourgers in Edgewater” soll deen Austausch elo méi genee ënnert d’Lupp huelen, andeems al Bréiwer analyséiert ginn.
Wat fir eis haut d’WhatsApp, d’SMS oder d’Mail ass, war fréier de Bréif oder och alt mol d’Postkaart. Wärend d’Messagen haut quasi direkt ukommen, och wann den Destinataire um aneren Enn vun der Welt ass, war de Bréif virun 100 Joer gutt a gären zwou Wochen ënnerwee, äert e vun den USA zu Lëtzebuerg ukomm ass. Ma ofgesi vum technesche Volet ënnerscheede sech d’Kommunikatioun vun deemools an haut iwwerraschend wéineg. Et gouf net iwwert déi grouss Weltpolitik geschriwwen, mee dacks iwwert d’Wieder, Familljefeieren oder och Ierfschaften. Am Laf vun de Joerzéngten huet de Kontakt awer no an no nogelooss, virop no engem bestëmmten Evenement, wéi de Marc Zimer, Member vu Roots and Leaves, erkläert.
“Ech denken den Zweete Weltkrich huet do ee ganz grousse Gruef am Kontakt verursaacht. Dono hunn d’Leit an Amerika méi Englesch geschwat an hu sech nees méi mat sech selwer befaasst, amplaz mat de Lëtzebuerger oder generell den europäesche Virfaren. An de 50er-, 60er-Joren ass dee Kontakt erofgaangen a spéitstens lo an den 2000er-Joren ass villes vergiess ginn.”

Nom Zweete Weltkrich wieren d’Bréiwer dann och dacks net méi op Lëtzebuergesch oder Däitsch, mee op Englesch geschriwwe ginn, fir sech vun den Däitschen Immigranten an den USA ofzegrenzen.
Duerch eng Analys vun de Bréiwer kéint een net just nei Erkenntnisser iwwert d’Kommunikatioun u sech gewannen, mee och iwwert spezifesch Sujeten, déi bis elo nach wéineg oder guer net beliicht goufen, zum Beispill den Alldag vun der Hausfra. Een zimmlech speziellen Aspekt vun der Geschicht vun de Lëtzebuerger USA-Auswanderer ass deen, datt vill vun hinnen Zären, op Englesch Greenhouses, opgebaut hunn, obwuel et där zu Lëtzebuerg quasi guer keng gouf.
“Déi hunn am Fong Chicago domadder versuergt. Déi grouss Fro ass, wou déi ganz Logistik hierkomm ass, fir Blummen, Planzen a Geméis unzebauen. D’Glas, dat ee fir d’Greenhouse gebraucht huet, déi ganz stole Konstruktiounen, dat ganzt Netzwierk, dat huet jo och mussen transportéiert ginn, dat heescht, deelweis hu Lëtzebuerger den Transport gemaach.”
De Projet gëtt op amerikanescher Säit vun der Loyola University an zu Lëtzebuerg vun der Uni.lu gedroen a soll den Ufank vun enger Zesummenaarbecht markéieren. Mëtt Mee kënnt ee Grupp aus Amerika op Lëtzebuerg a bei där Visitt wäert ee sech ënnert anerem doriwwer austauschen, wéi een Infotour duerch d’Stad opgebaut kéint ginn, esou den Tom Becker, Chercheur am Beräich Geo op der Uni.lu.
“Hei zu Lëtzebuerg funktionéiert et zum Beispill ganz gutt mat sou Touren, Touren duerch d’Stad, geféiert Touren oder selwer geféiert Touren duerch den ëffentleche Raum. Ass dat eppes, dat am Amerika och funktionéiert? Ech sinn do bëssi onsécher, well de Grand public méi un den Auto gebonnen ass, weess ech net, ob dat lo onbedéngt déi beschten Aart a Weis vun der Wëssensvermëttlung ass. Mä vläicht ginn et aner Iddien, déi si matbréngen, déi fir eis nei sinn, wou mir draus kënne léieren.” Mat Bléck op de Projet “Growing Community” ënnersträicht den Tom Becker, datt déi Informatiounen, déi do gewonne ginn, an de Cours sollen integréiert ginn. Et géing ëm Wëssensvermëttlung a keng Beschäftegungstherapie goen.
Fir de Projet sinn d’Fuerscher op d’Hëllef vum Grand public ugewisen. Leit, déi nach al Bréiwer doheem hunn, sollen awer net einfach direkt eng Kopie dovu schécken, mee fir d’éischt mol Kontakt mat der Uni ophuelen an erklären, ëm wat fir een Dokument et sech genee handelt. Dat iwwert dës Mailadress: tom.becker@uni.lu.
Et ass iwwregens och geplangt, een “Chicago Club” fir Lëtzebuerg ze grënnen. Wien aktuell nach Famill zu Chicago huet, ka sech iwwert dës Mailadress mellen: marc.zimer@education.lu.