An der Gemeng WolzDrénkwaasserversuergung an der Rue Eisknippchen zu Wegdichen nees hiergestallt

RTL Lëtzebuerg
D'Waasserversuergung war en Donneschdeg an engem Deel vun der Gemeng Wolz ënnerbrach.
© RTL-Archiv

An der Rue Eisknippchen zu Wegdichen gouf et en Donneschdeg am Nomëtten eng gréisser Waasserfuite. Wéinst der Fuite an den domat verbonnene Reparaturaarbechte gouf et temporär an der Hausnummer 3 bis 65 keen Drénkwaasser.

E Freidegmoien huet d’Wëlzer Gemeng da matgedeelt, datt d’Fuite behuewen an d’Drénkwaasserversuergung domat nees hiergestallt ass.

Back to Top
CIM LOGO