De Klëppelkrich, den Opstand vun de Bauere géint déi franséisch Besatzungstruppen, gouf 1798 och am Éislek gefouert. Niewent dem Monument zu Clierf, erënnert zënter 1972 awer och en Denkmal um Glacis, méi genee um Nikloseck, un dëse Krich a seng Affer.
Bis d’Tramsschinnen an d’Schefferallée geluecht goufen. Zënter 5 Joer wier d’Plack aus Schifer verschwonnen a well d’ADR iwwer d’Chamber keng passend Äntwert krut, huet d’Partei e Freideg um Nikloseck eng Aktioun gestart.
Fred Keup, ADR-Deputéierten: "Hei um Glacis sinn 1799 tëscht 20 an 30 Männer aus dem Klëppelkrich, also Widderstandskämpfer aus dem Éislek vun de franséischen Truppe mat der Guillotine hei gekäppt ginn, déi kruten hei de Kapp ewech gedickst. Dat Monument ass elo zënter 5 Joer verschwonnen, wéi den Tram gebaut ginn ass, ass et ewechgeholl ginn. Mir kruten an enger Question Parlamentaire geäntwert, et géif bis 2019 nees do stoen – mir sinn elo 2021 an et steet nach ëmmer net do. Mir froen eis firwat d’Monument nach net do steet a wou et ass.”
Verluer ass et schonn emol net, d’Monument. Et läit, sou eisen Expert Robert Philippart, schéin nei gemaach an engem Atelier a waart op d'Enn vum Summer, fir dann an neier Schéinheet an e ganz neie Plang mat agebonnen ze ginn.
Robert Philippart, Historiker: “D’Monument ass bei enger Marbrerie, wou et restauréiert ginn ass, a gëtt do versuergt. Et ass numeréiert a gëtt hei opgeriicht, esoubal d‘Gelänner an den nächste Woche fäerdeg ass. Et gët restauréiert a ganz kuerzer Zäit, do musse Stécker ergänzt ginn, déi gebrach sinn, daat ass eng schwéier Aarbecht, plus de Sockel vun de Steng, dee muss och nogekuckt ginn. An dat verlaangt, dass schwéier Maschinnen hei mussen zirkuléieren.”
En neit Gelänner, e ganz neit Konzept an dat och déi éischt Glaciskapell mat dran ass, well an hir eventuell och Klëppelkrich-Bauere begruewe goufen. 30 vun hinne sinn nämlech op där anerer Säit vum Glacis, dout gemaach ginn. Dat Ganzt géif e Lieu de mémoire ginn, integréiert an de Kierfecht.
Robert Philippart, Member vum Aarbechtsgrupp “Art Funéraire”: “Den Eck gëtt hei spatz gemat, d’Monument kënnt bannen a kuckt och no bannen. D.h. et gëtt integréiert an de Lieu de mémoire an et steet net an engem Lieu de Trafic. Et gehéiert zu engem Lieu de Commémoration a gëtt domat valoriséiert. D’Maquisarden ginn och hei um Kierfecht opgebaut, dass déi och net un enger Strooss leien. Monumenter déi hir Honneure verdéngen!”
Vun der Äifel bis a Flanderen, zu 4.000 mat Mëschtgreef a Séissel géint d’Fransousen. A ferm dem kathoulesche Glawe verbonnen. Weder hir Geschicht, nach déi vun de Maquisarden dierf ignoréiert ginn. De Message also: de Lieu de mémoire muss a wäert si all éieren.