Am LokalenAccident tëscht Koplescht a Katrewang, Motocyclist gefall an e puer Bränn

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et zu e puer Virfäll vun e Samschdeg op e Sonndeg.
© RTL Archivbild

E Sonndeg de Moien géint 8.20 Auer huet en Auto zu Hamm an der Val du Scheid gebrannt. D'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.

Um 10.30 Auer koum et zu engem Accident op der RN12 tëscht Koplescht an dem Katrewang. Zwou Persoune goufe blesséiert. D'Pompjeeë vu Koplescht, aus der Stad, sou wéi d'Ambulanz vu Mamer an de Samu waren am Asaz.

Vun e Samschdeg den Owend huet de CGDIS nach gemellt, dass kuerz no 17 Auer e Motocyclist mat senger Maschinn gefall a blesséiert gouf. Dat zu Rolleng an der Lëtzebuerger Strooss.

Zweemol hat et e Samschdeg am Nomëtteg gebrannt. Um 17.44 Auer stoung eng Poubelle um Belair a Flamen an an der Millebaach hat um 2.14 Auer Offall gebrannt. D'Pompjeeën aus der Stad waren 2 Mol am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO