AngelduerfAccident tëscht Camion an Auto, 1 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie kuerz no 8.30 Auer krute sech e Camion an en Auto an der Ettelbrécker Strooss ze paken. 1 Persoun gouf bei der Kollisioun blesséiert.

Op der Plaz waren d'Ambulanz aus Ettelbréck an d'Pompjeeë vun Angelduerf.

Géint 9 Auer ass op der N8 zu Kräizerbuch a Richtung Gäichel en Auto an de Gruef geroden. Verwonnt gouf hei awer keen. Am Asaz waren d'Mamer Ambulanz, wéi och d'Pompjeeë vun Habscht.

Agräifen hunn d'Fréisenger an d'Uespelter Pompjeeën zu Fréiseng an der Robert-Schuman-Strooss, well do um 10.20 Auer Offall gebrannt huet.

Back to Top
CIM LOGO