
Wéi de CGDIS mellt, gouf et e Freideg um 20.51 Auer en Accident mat engem Auto op der Streck tëscht Ierpeldeng an Draufelt. Eng Persoun ass bei deem Accident verwonnt ginn.
Nieft dem Ettelbrécker SAMU gouf och eng Ambulanz vun Housen op d'Plaz geschéckt, grad ewéi d'Pompjeeë vu Wolz.
Ee Blesséierte gouf et dann och no enger Kollisioun tëscht zwee Autoen op der Streck tëscht Iechternach a Steenem. D'Pompjeeë vun Iechternach an d'Ambulanz vu Jonglënster waren op der Plaz.