E Méindeg de Moie géint 9:30 Auer koum et op der N8 tëscht Bruch a Recken zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. D'Pompjeeë vu Béiwen-Atert, Miersch an Tënten waren op d'Plaz geruff ginn, grad ewéi den Ettelbrécker SAMU an Ambulanzen aus der Fiels + Nordstad. Zwou Persoune si beim Accident verwonnt ginn.
D'N8 war bis 11:25 Auer tëscht de Kräizunge mam CR114 (Rue de Bissen) an dem CR115 (Helperwee) komplett fir de Verkéier gespaart.