
Ewéi den Trakter op der Kräizung no lénks a Richtung Tandel ofbéien wollt an de Winker gesat huet, ass vun hannen een Auto gefuer komm. Den Automobilist huet ze spéit bemierkt, datt den Trakter ofbéie wollt an huet iwwerholl. Dobäi ass den Auto an dee lénkse viischte Pneu vum Trakter gerannt an huet sech doropshin op engem Feld iwwerschloen.
Béid Leit am Auto goufen an d'Spidol bruecht, ee mat der Ambulanz, ee mam Rettungshelikopter. Am Auto waren och nach 5 Hënn, de Véierbeener ass awer RTL-Informatiounen no weider net vill geschitt.