Op eise StroossenAccident op der N15 an 3 weider Virfäll

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie sinn op der N15 tëscht Feelen an Heischent 2 Autoen anenee gerannt. Eng Fuerbunn war do länger Zäit blockéiert.
Accident tëscht Feelen an Heischent
E Mëttwoch de Moie sinn direkt 3 Autoen op der N15 anenee gerannt. Dat hat fir Problemer am Moiestrafic gesuergt.

Eng Persoun gouf blesséiert. Well d'Fuerbunn Richtung Heischent duerch den Accident komplett blockéiert gouf, koum et deementspriechend zu Stau. Géint 8.40 Auer war den Accident awer geraumt an den Trafic huet sech normaliséiert.

D'Pompjeeë vun Nidderfeelen an d'Ambulanz vun Ettelbréck waren op der Plaz.

Wéi d'Police mellt, koum et en Dënschdeg zu 3 weidere Virfäll op eise Stroossen.

Op der Aire zu Steebrécken op der Escher A4 gouf en Dënschdeg am Nomëtteg en Automobilist kontrolléiert. D'Pabeiere vum Won waren net an der Rei an de Chauffer hat e Fuerverbuet. Den Auto gouf op Uerder vum Parquet sécher gestallt an et gouf protokolléiert.

Eng Patrull huet an der Nuecht e schlecht geparkten Auto an de Chauffer an der Rue d'Audun zu Esch iwwerpréift. Hien huet no Alkohol gericht an den erlaabte Wäert war duebel sou héich, wéi erlaabt. De Chauffer louch donieft och schonn e Fuerverbuet vir. Well de Mann net de Proprietär vum Won war, gouf dësen net sécher gestallt, mä de Fuerverbuet erneiert an hie krut e Protokoll.

En Accident gouf et géint 23 Auer an de Rue Albert Unden um Lampertsbierg. Hei goufe 4 geparkten Autoe beschiedegt. De Mann, deen den Accident provozéiert hat, gouf net blesséiert, hat awer ze vill gedronk. Hie krut de Permis ewech geholl an e provisoresche Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO