Genee Detailer zur Ursaach vum Accident ginn et den Ament keng. D’Police hat op Nofro matgedeelt, dass zwou Persoune blesséiert goufen. Am Bulletin vum CGDIS, deen um 16.47 Auer geschéckt gouf, ass rieds vu 6 Blesséierten, ouni awer ze preziséieren, wéi uerg d’Blessure sinn.
Wéinst dem Accident war d’Avenue Victor Hugo och gespaart. Op der Plaz waren d’Pompjeeën aus der Stad, Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer, grad ewéi de Stater SAMU.