112Accident op der Bretelle vun der A3 op d'A6

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt e Samschdeg en Accident mat enger blesséierter Persoun.
© RTL Archiv

E Samschdeg de Moien um kuerz virun 8 Auer koum et zu engem Accident op der Bretelle vun der A3 op d'A6 a Richtung Arel. Een Auto war hei am Coup, eng Persoun gouf blesséiert.

Op der Plaz waren d'Ekippen an de Samu aus der Stad.

Kuerz virun hallwer 3 hat et gerabbelt tëscht dem Rond-Point Serra an dem Echangeur Kierchbierg. En Auto war an e Camion gerannt. De CGDIS mellt ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO