Vill ze di fir d'Police de WeekendFënnef Persounen hunn am Passagearrest verbruecht

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gouf e Beamten bei enger Festnam blesséiert.

Fënnef Persounen hunn e Freideg den Owend am Passagearrest verbruecht, dat well se ze vill gedronk haten a sech der Police géintiwwer "onkooperativ" verhalen hunn, wéi et e Samschdeg de Moien am Policebulletin steet.

Esou zum Beispill zu Esch op der Gare. Der Police war hei een opfällege Mann gemellt ginn. Hie wier staark alkoholiséiert gewiescht an hätt sech net wëlle vun de Beamte kontrolléiere loossen. Well en eng Gefor fir sech an déi aner gewiescht wier, wier den alkoholiséierte Mann no enger medezinescher Kontroll an eng Ausniichterungszell komm.

Ee Beamte wier iwwerdeems un der Schëller blesséiert ginn, wéi versicht ginn ass de Mann ënner Kontroll ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO