
E Freideg den Owend géint hallwer 11 gouf der Police an der Avenue de la Gare an der Stad e Brand an engem Gebai gemellt. Direkt e puer Zeien haten hei eng staark Dampentwécklung gesinn.
D'Rettungsekippen op der Plaz hu festgestallt, dass Styropor-Placken am Gebai gebrannt hunn an et doduerch zu enger staarker Dampentwécklung komm ass. De Schued um Gebai selwer soll awer éischten Erkenntnisser no éischter niddreg sinn.
Zeien hat och gesinn, wéi e Mann aus enger Fënster am éischte Stack gesprongen ass an du fortgelaf ass. E wéineg méi spéit konnt d'Police déi verdächteg Persoun an der Stroossbuerger Strooss erëmbegéinen. Wéi de Mann vun der Police befrot gouf, huet hien zouginn, virsätzlech de Brand am Gebai geluecht ze hunn. Nom Gespréich, konnt de Mann dunn nees goen.
Ma kuerz drop gouf e Polizist duerch en haarde Knall op e Virfall bei der Kräizung tëscht der Rue Marie et Pierre Curie an der Rue Auguste Lumière zu Bouneweg opmierksam. Hei huet sech erausgestallt, dass nees de Mann an Aktioun war, dës Kéier huet hie mat engem Kanaldeckel e geparkten Auto beschiedegt.
De Verdächtege gouf nees vun de Beamten ënner Kontroll bruecht. Well hien eng Gefor fir sech selwer an aner Leit duergestallt huet, koum hie fir eng medezinesch Kontroll an d'Spidol, wou hien dann och stationär opgeholl gouf a bliwwen ass.