Géint 15:20 Auer ass et e Freideg um CR142 zu engem Accident komm. Op der Héicht vun der Sortie Fluessweiler vun der A1 a Richtung Tréier hate sech zwee Autoen ze pake kritt. Dobäi sinn dräi Persoune blesséiert ginn an nieft den Ambulanzen aus der Stad a vu Mäertert war och de Samu op der Plaz, grad esou wéi d'Pompjeeë vu Menster a Fluessweiler. D'Streck war nom Accident zäitweis gespaart.
Um 13:30 Auer war an der Avenue Monterey an der Uewerstad eng Persoun ugestouss a verwonnt ginn. D'Rettungsdéngschter aus der Stad an de Samu waren am Asaz.
Ëm déi selwecht Zäit hat et zu Wolz an der Rue de Noertrange an enger Garage gebrannt. D'Pompjeeë vu Wolz a Géisdref hu sech drëms gekëmmert.