An den ApdiktenEnkpäss bei den Impfstoffer géint d'Gripp

RTL Lëtzebuerg
Nei Liwwerunge wäre virum oder wärend dem Weekend geplangt, sou de President vun de Lëtzebuerger Apdikten, den Alain de Bourcy.
D'Zesummesetzung vun den Impfstoffer géint d'Gripp huet changéiert.
© AFP

Et ginn aktuell Enkpäss bei den Impfstoffer géint d‘Gripp. Dat betrëfft quasi all d‘Apdikten am Land. De Radio 100,7 hat dat e Freideg de Moie gemellt.

De President vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikten Alain de Bourcy erkläert RTL géintiwwer, dass d‘Apdikten nëmme 70 Prozent vun hire Commanden tatsächlech geliwwert kruten. De Grond: d‘Zesummesetzung vun den Impfstoffer huet changéiert. D‘Weltgesondheetsorganisatioun hätt déi nei Kompositioun zwar relativ fréi verëffentlecht. Ma trotzdeem hätt dat zu Retarde bei der Produktioun vun allen Grippe-Impfstoffer gefouert. Dobäi kéim, dass d‘Demande, fir géint d‘Gripp geimpft ze ginn, dem Alain de Bourcy no dëst Joer méi grouss ass.

Dem President vum SPL no gëtt et kee Grond fir Panik: nei Liwwerunge wäre virum oder wärend dem Weekend geplangt. Spéitstens d‘nächst Woch misst et nees genuch Impfdosisse ginn. Dat ass dem Alain de Bourcy no och wichteg: elo wär den idealen Zäitpunkt, fir sech géint d‘Gripp impfen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO