
D’Argumentatioun vun den zwee Affekoten, déi um Freide plaidéiert hunn, war änlech. Souwuel de Georges Pierret, deen de Guy Stebens vertrëtt, wéi och de Benoît Entringer, deen den Armand Schockweiler vertrëtt, sinn zu der Conclusioun komm, dass hir Mandante keng Falschaussoen ze reprochéiere wieren. Dat, wat si gesot hätten, hätt nämlech absolut keen Afloss op di zwee Ugekloten am Bommeleeër-Haaptprozess gehat, dee jo 2014 dowéinst ënnerbrach gi war.
An éischter Instanz waren dem fréiere Gendarmerie-Offizéier Guy Stebens 19 Falschaussoe reprochéiert ginn. De Parquet général huet am Appell just nach eng dovunner zréckbehalen. "Et gëtt mengem Zeie reprochéiert, 2005 eppes gesot ze hunn, un dat e sech 2013 net méi erënnert hat", huet säin Affekot Georges Pierret ënnerstrach. 2005 war hien doriwwer eraus als Zeie gehéiert ginn, an net ënner Eed. Hien hat deemools gesot, sech net méi un d’Observatioun vum fréiere Chef vun der Brigade Mobile, de Ben Geiben, am Joer 1985 erënneren ze kënnen. Méi spéit hätt hie Saachen nogelies an et wieren e puer Saachen a senger Erënnerung erëmkomm.
De Guy Stebens war am Ganzen 19 mol bannent 65 Stonne gehéiert ginn. "Wisou déi ganz Sitzunge fir den Här Stebens auserneen ze schrauwe mat Saachen, déi mam Fong vum Dossier iwwerhaapt näischt ze dinn hunn", freet säin Affekot. Di Suppositioune vum Parquet général wieren hei kee Beweis fir eng Condamnatioun. "Mir sinn hei am Fong an engem falsche Film", huet de Georges Pierret dann no der Sëtzung zesummegefaasst.
Dem Armand Schockweiler, als deemolege Chef vun der Enquête, waren an éischter Instanz da 25 Falschaussoe wärend dem Bommeleeër-Prozess 2013/14 reprochéiert ginn. Am Appell goufen dovunner vum Parquet général zwou zréckbehalen. Och säin Affekot, de Benoît Entringer, ass der Meenung, dass dat, wat him reprochéiert gëtt, keng Auswierkungen op de Bommeleeër Prozess mat den Ugeklote Jos Wilmes a Marc Scheer gehat hätt.
Engersäits geet et dorëm, dass säi Mandant soll en Detonateur beim Erkennungsdéngscht ewechgeholl hunn, anerersäits geet et ëm d’Observatioun vum Ben Geiben zu Lëtzebuerg, vun där hien näischt well gewosst hunn. "Op deenen zwee Punkte kann et kee Faux temoignéiert sinn, well et Saache sinn, déi iwwerhaapt näischt mat Scheer a Wilmes ze dinn hunn", seet de Benoît Entringer. Hie wier der Meenung, dass säi Mandant ëmmer d’Wouerecht gesot hätt. Mee och wann dat net de Fall gewiescht wier, géing dat näischt änneren. D’Infraktioun vum Faux témoignage wier net ginn.
Déi zwee Affekote fuerderen dofir e Fräisproch fir hire Mandanten an domat d’Confirmatioun vum Urteel aus éischter Instanz. Si kënnen och net novollzéien, wéi de Parquet général mat senger Fuerderung vun op d’mannst 5 Joer feste Prison kéint esou vill méi héich leie wéi de Parquet an éischter Instanz. Hei waren 18 Méint Prisong fir de Guy Stebens gefrot ginn an dräi Joer fir den Armand Schockweiler. Souwuel de Georges Pierret, wéi och de Benoît Entringer hunn an hirer Plaidoirie dann nach drop higewisen, dass och den Delais raisonable an der Affär iwwerschratt wier.
De Prozess geet en Dënschdeg de Mëtte weider, mat dem Affekot vum Aloyse Harpes a soll en Donneschdeg de Mëtten op en Enn kommen.