Probleem fir d'eenheemesch InsektenAm Gronn gouf en Nascht vun der asiatescher Runn fortgemaach

Gilles Hoffmann
D'asiatesch Runn gëtt an Europa ëmmer méi e grousse Problem – och zu Lëtzebuerg. Am Gronn huet d'Stad Lëtzebuerg elo en Nascht vun dësem invasiven Insekt ewechgeholl. Mir ware beim Asaz derbäi.
Am Gronn gouf en Nascht vun der asiatescher Runn fortgemaach
D'asiatesch Runn gëtt an Europa ëmmer méi e grousse Problem – och zu Lëtzebuerg.

Fréi um Moien an der Géigend vun der Péitruss. D'Ekipp vum Service Sécurité vun der Stad Lëtzebuerg ass a Schutzkleedung ugetrueden. Hiert Zil: en Nascht vun asiatesche Runnen, och nach Hornisse genannt.

D'Carole Krier vum Service Sécurité vun der VdL erkläert, dass dës invasiv Insektenzort sech mëttlerweil hei am Land ugesidelt huet:

"D'asiatesch Runn ass eng invasiv Aart. A si ass net nëmme fir Lëtzebuerg e Problem, mee si ass fir ganz Europa e Problem. Si huet sech iwwerall mëttlerweil och ugepasst, sou datt se och hei lieft an net méi kann ausgerott ginn. Mir kënnen et just nach andämmen."

Ier et lassgeet, gëtt de Plang festgeluecht. Och d'Gréisst vum Nascht ass en Theema:

"Dat Nascht war fir dës Saison schonn e grousst Nascht. Mee mir kënnen awer net soe vu baussen, wéi vill Hornisse lo dra waren. Fir Iech elo eng Iddi ze ginn, wéi vill Hornissen an enger normaler Saison a sou engem Nascht sinn, kënnen am Hierscht bis zu zweedausend Hornisse gläichzäiteg dra sinn."

Den Zäitpunkt vum Asaz ass net zoufälleg gewielt, wéi d'Carole Krier erkläert: "D'Temperatur mécht schonn en Ënnerscheed, well zu dëser Zäit, wéi de Moie bei dräi Grad plus, si se och e bësse méi lues a se brauchen e bëssen. Se sinn och net sou aggressiv wéi lo bei zwanzeg Grad."

Dann ass et esou wäit. D'Ekipp mécht sech un d'Aarbecht. Mat enger laanger Staang, duerch déi Waasserdamp leeft, gëtt d'Nascht mat allen asiatesche Runnen an hire Larven op iwwer 100 Grad erhëtzt.

"Wa mir mat der Waasserdampmaschinn schaffen, do ass alles ofgedéit. Dat heescht, an dësem Fall ginn d’Hornisse souzesoe gekacht", erkläert d'Carole Krier d'Prozedur.

Dat Nascht ass ewech. Mee d'Horniss stellt net nëmmen de Mënsch virun eng Erausfuerderung, och d'Natur huet domat ze kämpfen:

"D'Horniss, déi ësst ganz vill Insekten. Dat geet vu Wëllbeien, Päiperleken, Schwiefmécken, awer och geet se un d'Hunnegbei. Wa lo, wéi zu dëser Zäit, nach den Efeu blitt, do kann ee beobachten, datt do Hornissen drop sinn a soulaang si op Narungssuch ass, ass se per se net méi geféierlech wéi eng heemesch Harespel. Wann Dir awer lo ze no un en Nascht kommt, da muss si d'Nascht verdeedegen an da kënne se ganz massiv Attacke starten."

E Freideg war weeder déi éischten, nach déi leschte Kéier, datt d'Ekippen hu mussen an den Asaz: "Bis elo dëst Joer hu mer 129 Näschter gemellt kritt. Mee dës Zuel ass nach net definitiv, well mir rechnen, datt mir bis den hallwen Dezember nach Näschter gemellt kréien."

Am Gronn ass et fir de Moment erëm roueg, d'asiatesch Runn dierft awer weiderhin en Theema bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO