No Abroch zu BeetebuergPolice konnt zwou verdächteg Persoune festhuelen

RTL Lëtzebuerg
Ee vun den zwee Täter koum an Untersuchungshaft, heescht et am Communiqué vun der Police.
© Fotolia Archivbild

An der Nuecht op en Donneschdeg 5. November, gouf der Police géint 02:15 Auer en Abroch an der Rue de la Gare zu Beetebuerg gemellt. Éischten Informatiounen no sollen zwou Persounen iwwert eng ageschloe Fënster an d'Gebai erakomm sinn an hunn eng ganz Partie Raim duerchsicht. Déi presuméiert Täter hu sech dono duerch d'Bascht gemaach.

Am Kader vun Ermëttlungen, déi Séier ageleet goufen, ass et de Beamte gelongen, déi zwee Verdächteg an der Géigend vum Abroch ze stellen. Bei der Kontroll goufen eng Partie Géigestänn séchergestallt, dorënner Geschier fir anzebriechen a Schlësselen. Weidert Geschier, dat genotzt ka ginn, fir enzwousch anzebriechen, gouf an der Ëmgéigend fonnt a séchergestallt.

Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee Männer festgeholl a koumen en Donneschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter. Ee vun den zwee Täter koum an Untersuchungshaft, weider Ermëttlunge goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO