Schrëtt fir Schrëtt - José Del Rio“Dës Kéier hunn ech déi Chance verdéngt!”

Anouk Siebenaler
No jorelaanger Drogesucht an Obdachlosegkeet kënnt de José aus dem Prisong a fänkt mat 50 Joer erëm bei Null un.

Et ass net fir d’éischte Kéier, dass hien dës Erfarung mécht, ma dës Kéier ass hien determinéiert, dass et fir d'Lescht ass. Hien huet dem Alkohol an den Drogen ofgeschwuer a sicht elo e stabilt Liewen, eng eege Wunneng an e festen Job. Säin Heelungsprozess hält hien a fënnef Sproochen op Pabeier fest. Bal 500 Gedichter huet hien a senger Zäit am Prisong geschriwwen, an dreemt elo dovun, déi emol op Bün virzedroen.

D'Dokuserie suivéiert dem José säi Parcours vu Januar un. Den Ament ass hien zanter knapp 3 Méint aus dem Prisong eraus an huet grad säin Job am service rédactionnel vun der Stëmm ugefaangen. Iwwert d'Nuecht kënnt hien am Foyer Abrisud ënner. Eng Tëscheléisung, fir déi hien dankbar ass, aus där hien awer och séier erëm erauskomme wëll.

Schrëtt fir Schrëtt: José 1
De José kënnt no 21 Méint aus dem Prison a fänkt mat 50 Joer erëm bei Null un.

Iwwert den office national d’inclusion sociale (ONIS) huet de José eng Aarbecht am Service rédactionnel vun der Stëmm fonnt. Et ass net déi Aarbecht, déi hie fir ëmmer maache wëll, mä hien ass frou, hei senger Passioun vum Schreiwen nogoen ze kënnen.

Schrëtt fir Schrëtt: José 2
De José huet iwwert den ONIS eng Aarbecht am Service rédactionnel vun der Stëmm fonnt.

Am Kader vun der Gewaltpreventioun besicht eng Schoulklass den Nuetsfoyer Abrisud. De José deelt als ee vun de Bewunner seng Erfarunge mat de Schüler a beäntwert hinne Froen ronderëm säi Prisongsopenthalt. De José engagéiert sech och benevole bei der ASBL “eran, eraus... an elo?”, déi him an an no senger Zäit am Prison vill gehollef huet.

Schrëtt fir Schrëtt: José 3
Am Kader vun der Gewaltpreventioun besicht eng Schoulklass den Nuetsfoyer Abrisud.

De José wëll eraus aus dem Abrisud an endlech erëm seng eege Privatsphär hunn. Op senger Wunnengssich krut hien e Rendez-vous beim Service “Immo Stëmm”. Dee verleeft awer leider manner villverspriechend wéi erhofft...

Schrëtt fir Schrëtt: José 4
Op senger Wunnengssich krut de José e Rendez-vous beim Service “Immo Stëmm”. Dee verleeft leider awer net wéi gehofft.

Am Juni huet de José um Mutferter Haff säin éischten Optrëtt als Poet. Hei deelt en eng Auswiel vun de Gedichter, déi hien an den 21 Méint Prisong geschriwwen huet, eng éischte Kéier live mat engem Public.

Schrëtt fir Schrëtt: José 5
No laangem drop hi schaffen huet de José endlech säin éischten Optrëtt als Poet.

Kuckt hei nach emol all d'Episode vun der Doku-Serie Schrëtt fir Schrëtt oder elo och déi eenzel Geschichte beieneen.

Iwwersiicht vun den Artikele vun der Doku-Serie "Schrëtt fir Schrëtt"

Invalid Date
Invalid Date
Invalid Date
Invalid Date
Invalid Date
Invalid Date

Back to Top
CIM LOGO