
De 85 Joer ale Folk-Rock Museker Bob Dylan, gebuer als Robert Allen Zimmerman, hat en éischter onkonventionelle Look fir säin Treffe mam Poopst.
Mat schwaarzem Hoodie a mat der Kaputz um Kapp hat hien eng kuerz mee onbeschwéiert Audienz mam Leo XIV., deen him e Rousekranz geschenkt huet. Am Réckzuch krut dësen eng Autobiographie vum Sänger.
De Poopst huet dunn eng Zeil aus dem Buch iwwer Ofrëschtung zitéiert. De Leader vun de Katholicken setzt sech ëmmer nees géint de Krich an. Wéinst senger Kritik um Krich am Mëttleren Osten ass hien och scho mam US-President Donald Trump unenee geroden.
Fir de Bob Dylan war et net dat éischt Treffe mat engem Poopst. 1997 hat hien bei enger Gebietsuucht fir jonk Leit zu Bologna gesongen, déi vum Poopst John Paul II. gehale gouf.