Präparatioune fir d'WinterlightsChrëschtbam an der Stad Lëtzebuerg ukomm
Schonn Enn Oktober fänkt d'Stad Lëtzebuerg un, sech op de Wantermaart virzebereeden. An der Stad Lëtzebuerg gi 16 Beem opgeriicht. Dëse Samschdeg ass de Chrëschtbam op der Place d'Armes ukomm. Déi 15 Meter héich Dänn kënnt aus Däitschland bei Bonn an ass 35 Joer al.
Verëffentlecht: 07.11.26 09:33, Update: 07.11.26 09:51
Um 6 Auer Moies ass de Camion mat der ongewéinlecher Liwwerung op der Place d'Armes ukomm. Gutt verpaakt louch hannendrop déi 15 Meter laang Dänn. Den Zäitpunkt vun der Aktioun fir de Chrëschtbam opzeriichten, ass extra esou fréi am Dag gewielt ginn, well dann nach net vill Leit ënnerwee sinn an och keen Trafic ass. Esou kënnt ee gutt mat den zwee grousse Gefierer bäi. Nieft dem Camion, deen d'Dänn bruecht huet, huet och ee Kran misste agesat ginn, fir de Bam opzeriichten.
Wéi de Bam um kuerz viru 6 Auer Moies ukomm ass, war et nach däischter. © Lea Schwartz
De Bam kënnt aus Däitschland aus der Géigend ëm Bonn. © Lea Schwartz
Mat engem Kran ass de Bam virsichteg opgehuewen an opgestallt ginn. © Lea Schwartz
De Bam , deen dëst Joer op der Place d'Armes wäert wärend dem Wantermaart stoen, ass 15 Meter héich. © Lea Schwartz
Déi nächst Deeg soll en nach dekoréiert ginn. © Lea Schwartz
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
A bësse manner wéi enger Stonn konnt de neie Chrëschtbam op seng nei Plaz bruecht ginn. An deene nächsten Deeg soll en och dekoréiert ginn, wäert bis viraussiichtlech Mëtt Januar stoe bleiwen an déi ganz Chrëschtzäit op senger neier Plaz op der Place d'Armes Chrëschtstëmmung verbreeden.
De ganze Reportage kënnt e Samschdeg den Owend am Journal.