
En Automobilist, deen aus Schengen ënnerwee war, huet d'Kontroll iwwert säi Won verluer an ass op d'Géigespuer geroden, wou hien een anere Auto ze pake krut.
E spéideren Alkoholtest huet d'Police festgestallt, datt de schëllege Chauffer ze vill gedronk hat. Hie krut nach op der Plaz e provisoresche Fuerverbuet an de Permis ewech geholl.