Eng Persoun blesséiertAccident en Donneschdeg de Moien tëscht dem Briddel a Stroossen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie géint 6.40 Auer koum et tëscht dem Briddel a Stroossen op der Héicht vum Fräiheetsbam zu engem Accident.
© Domingos Oliveira

Den CR181 gouf fir gutt eng Stonn komplett fir den Trafic gespaart. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Koplescht, d'Ambulanz vu Mamer an d'Police. Méi Detailer sinn net gewosst.

Géint 7.45 Auer krute sech op der Polvermillen nach en Auto an e Moto ze paken. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. An zu Bieles an der Rue des Près hat et an enger Garage gebrannt. Kengem ass eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO