Contrôle d'HonorabilitéAccès op perséinlech Donnéeë gëtt méi präzis gereegelt

Carine Lemmer
An Zukunft soll genee festgeluecht ginn, wat de Staat fir eng gewëssen Aarbechtsplaz oder fir gewëssen Accorden dierf kucke goen a wat net.

Virun annerhallwem Joer gouf iwwert de sougenannten „Casier bis" an d'Policefichieren diskutéiert. Wat däerf wie kucken, wann ee sech zum Beispill fir eng Plaz bei der Justiz mellt? An Zukunft soll dat alles transparent gereegelt sinn. Déi ganz Diskussioune kréie Suitten a Form vun engem Gesetzprojet, deen d'Justizministesch Sam Tanson e Mëttwoch virgestallt huet.

Den Text, deen d'Ministesch e Mëttwoch presentéiert huet, reegelt den Accès op perséinlech Donnéeën, wou d'Justiz oder de Justizministère concernéiert sinn.

Fir d'Plaz vun engem Expert judiciare zum Beispill geet de Contrôle vum normale Casier duer. Mä mellt ee sech fir eng Magistrat- oder Notaire-Plaz zum Beispill, gëtt scho méi wäit gekuckt. Do ginn och nach d 'Deliten an d'Crimmen aus de leschte 5 Joer gekuckt.

Wann een e Waffeschäin ufreet oder fir eng Adoptioun geet de Contrôle nach méi wäit. Do ginn och Non-lieuxen oder Affäre gekuckt, déi ouni Suitte klasséiert goufen. Zum Beispill haislech Gewalt, wou Faite passéiert sinn, mä wou awer um Enn d'Plainte zréck gezu gouf.

Extrait Sam Tanson

D'Ännerungen, déi elo geplangt ginn, gi jo gemaach, well an der Vergaangenheet deels méi kontrolléiert gouf, wéi u sech virgesi war. Wat ass bis ewell bei engem Waffeschäin oder enger Adoptioun kontrolléiert ginn? Wat e Waffeschäin ugeet, ass och eng Re-evaluatioun virgesinn. Am neie Waffegesetz, wat um Instanzewee ass.

Den Text, deen elo presentéiert gouf, leet just fest, wat an der Justiz däerf wéini gekuckt ginn. Net wat ausschléissend ka si bei engem Rekrutement oder engem Agrément.

D'Proportionalitéit beim Contrôle soll an Zukunft garantéiert sinn, dat heescht, et soll just dat gekuckt ginn, wat wierklech néideg ass. An d'Donnéeë fir dee Gebrauch ginn och dono direkt geläscht. Dat huet d'Justizministesch Sam Tanson nach präziséiert.

Back to Top
CIM LOGO