
Vun en Donneschdeg un trieden eng Rei Ännerunge vum neie Code de procédure civile a Kraaft, mat där den Accès op d'Justiz soll vereinfacht ginn an effikass Prozeduren a räsonabelen Delaie garantéiert ginn. Dat deelt de Justizministère an engem Communiqué mat.
D'Friddensriichter kënne sech elo mat Litigë vu bis zu 15.000 Euro befaassen, virdru war dat héchstens 10.000 Euro. Um Niveau vun den Appelle ginn et e puer Upassungen. Fir Litigen tëschent 15.000 an 100.000 Euro gëtt et d'Méiglechkeet vun enger vereinfachter Prozedur. Bei deenen anere Prozedure mussen d'Affekoten hir schrëftlech Conclusiounen an Zukunft areechen, iert d'Instruktioun ofgeschloss ass, fir datt de Riichter méi séier schaffe kann.