PoliceAbréch an eng Bijouterie, an Haiser an an eng Garage

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne gouf uechter d'Land op e puer Plazen agebrach. Deels ass et beim Versuch bliwwen, op anere Plaze goufe Bijouen oder e Vëlo geklaut.
© Archiv

Tëscht dem 14. an dem 17. November gouf an der Avenue de la Porte-Neuve an der Stad bei engem Bijoutier agebrach an et goufen e puer Auere geklaut. Déi Onéierlech waren iwwert eng Säitefënster an de Buttek agebrach.

An der Nuecht op e Mëttwoch hunn onbekannt Täter versicht an eng Parfümerie an der Route de Longwy zu Rodange anzebriechen. Nodeems eng Fënster vun den Täter zerstéiert gi war, hunn dës aus bis elo ongekläerte Grënn vun hirem Plang ofgelooss a si mat hire Gefierer geflücht.
Een Awunner vu Péiteng huet dann en Dënschdeg den Owend kuerz virun 19 Auer een Abriecher iwwerrascht, wéi hie grad dobäi war, sech Zoutrëtt zum Haus ze verschafen. Den Abriecher ass geflücht.

An der Rue de Fleurs zu Monnerech gouf en Dënschdeg tëscht 11.30 an 13.30 Auer an een Eefamilljenhaus agebrach. Et goufe Bijouen an Auere geklaut.

Een Abroch an eng Garage gouf et en Dënschdeg tëscht 11 an 13 Auer an der Rue Eugène Reichling zu Esch/Lankelz. Hei hunn déi Onéierlech ee Vëlo vun der Mark Trek Roscoe am Wäert vun 1.350 Euro matgoe gelooss.

An all de Fäll gouf eng Plainte gemaach, d'Spueresécherung informéiert an Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO