Reaktioun op d'Kritik vun der ANILAarbechtsgrupp kënnt réischt zesummen, net all Propos konnt schonn opgeholl ginn, sou d'Martine Deprez

Monica Camposeo
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez reagéiert am RTL-Interview zu den Aussoe vun der Anne Marie Hanff, Presidentin vun der nationaler Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren.
© Pedro Venâncio

Et wier schued, dass am Kader vum internationalen Dag vun den Infirmièren an Infirmieren en Dënschdeg, déi zoustänneg Associatioun ANIL Kriticken zu engem Projet de Loi mécht, wou déi verschidde Säite mat um Dësch souzen. Dat seet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez am RTL-Interview zu den Aussoe vun der Anne Marie Hanff, Presidentin vun der nationaler Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren e Méindeg de Moien an eiser Emissioun Invitée vun der Redaktioun. D'Reform géing net wäit genuch goen, esou eis Invitée.

D'Santésministesch Martine Deprez seet dozou: "Hir Attitüd an deem ganzen Dossier war éischter déi, fir vill vill vill méi wäit ze goen. Ech mengen, si si lo 30 Joer mat der Politik ënnerwee, fir déi Attributiounen do nei ze maachen. An déi Visée, déi si hunn, ass kloer eng Visée och vu Pratiques avancées. An dee Grupp de Travail, sou wéi am Communiqué gesot ginn ass, fänkt seng Aarbechten un. Mee nichts desto trotz, wann nach Adaptatiounen un där Lëscht vun Attributioune musse gemaach ginn, verschléisse mir eis kenger Diskussioun. Eis Diere sinn ëmmer op. Mee an där Zäit, déi mir haten, konnte mir net alles, wat d'ANIL proposéiert, ophuelen."

Et kéint een och am Laf vum Projet nach Amendementer maachen, wann néideg, präziséiert nach d'Ministesch. Si huet och am Interview nach emol betount, dass d'Aarbecht vun den Infirmièren an Infirmieren net just en Dënschdeg, op hirem internationalen Dag, mee allgemeng méi sollt valoriséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO