Invité vun der Redaktioun (11. Mee)Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der ANIL

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war d'Modernisatioun am Gesondheetssecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
© Annick Goerens

D'Gesetz iwwer den Infirmières-Beruff wier 30 Joer al. Déi geplangte Reform géif awer keng Wäiche fir d'Zukunft stellen. Dat sot d'Anne-Marie Hanff am RTL-Interview um Méindeg de Mueren. Si ass Presidentin vun der ANIL, der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren.

E grousse Kritik-Punkt: D'Infirmièren misste méi autonom kënne schaffen an Deels ouni Ordonnance vum Dokter. Schliisslech wieren Infirmièren dofir ausgebilt.

D'ANIL-Presidentin nennt e Beispill: Eng Infirmière dierft mol keng Herpes-Crème ouni Ordonnance vum Dokter ginn. Derbäi kéim den héijen administrativen Opwand.
40% vun der Infirmières-Aarbecht wiere mëttlerweil Paperassen, an dat trotz Manktem u Fleegepersonal.

D'Reform hätt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem solle méi resilient maachen. Dat wier awer net de Fall. D'Reform wier och ënner Zäitdrock entstanen an den Avise vun der ANIL net Rechnung gedroe ginn.

Invité vun der Redaktioun: Anne-Marie Hanff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO