
Aktuell sinn 118 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.094 aktiv Infektiounen a 55.147 Persoune gëllen als geheelt.
2.650 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 535 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 70.339 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,07. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.