
Am Ganzen hunn 101 Persounen d'Infektioun net iwwerlieft. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. Vun den 101 Doudesaffer si 64 Prozent am Spidol gestuerwen. 56 Prozent si Männer a 44 Prozent si Fraen.
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 9 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.886. Vun den Infizéierte sinn der 3.139 Residenten.
Vun den 3.886 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.586 geheelt, 199 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 55.250 Tester gemaach, 787 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.
Aktuell si 92 (-10) Patienten hospitaliséiert, 14 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 879 Mënschen d'Spidol nees verloossen.
De Reproduktiounstaux läit bei 0,995.
