Joresrapport Klimaagance80.000 Photovoltaikanlage goufen an de leschten dräi Joer installéiert

Maxime Gillen
Trotz dësen dach beandrockenden Zuelen gesäit den Direkter vun der Klimaagence nach Sputt no uewen.
© Klimaagence

An de leschten dräi Joer goufen zu Lëtzebuerg méi wéi 80.000 Photovoltaikanlagen installéiert, dovunner méi wéi 26.000 an der Eegeconsommatioun. Dat geet aus dem Joresrapport vun der Klimaagence ervir, deen haut virgestallt gouf. 180 Firme maachen antëscht beim Prefinancement mat, deen zanter Uganks des Joers méiglech ass. Do wou et zu Lëtzebuerg nach vill Sputt no uewe gëtt ass bei der Renovatioun a beim Hëtzen, seet den Direkter Fenn Faber. Doheem an an de Gemengen

Extrait Fenn Faber (1)

"Dat heescht den Ëmstig op d'Wärmepompel, dat si wierklech Sujete wou mir nach grouss Potenzialer hunn. An déi gutt Noriicht ass eigentlech, dass mir prett sinn dofir, dat heescht et gëtt net nëmmen eis, et gëtt natierlech de Secteur, et gëtt ee Klimabonus-Programm, wou wierklech alles do ass, wat ee brauch, fir an d‘Ëmsetzung ze goen."

D'Klimaagence huet en Donneschdeg hiren neien sougenannte Solar-Simulator presentéiert. En digitalen Outil, deen et de Bierger erméiglecht, op eng einfach a verständlech Aart a Weis ze simuléieren, wéi si hiren eegene Logement energeetesch optiméiere kënnen. Hei gëtt gewisen, wéi verschidden Technologien – wéi Photovoltaik, Wärmepompelen oder Elektromobilitéit – zesummespillen an dem Eenzele weisen, wou en iwwerall Energie spuere kann.

Extrait Fenn Faber (2)

"Fir dat ze optiméieren, geet et natierlech och drëms, dass ee sech mat der Fro beschäftegt, wéi verbrauchen ech dee Stroum, a wéi kann ech villäicht aner Aspekter Doheem ëmsetzen. Do ass d‘Hetzen, d‘Wärmepompel, natierlech ee ganz wichtege Sujet, och am Bestand. D'Renovatioun bleift ee wichtege Sujet, wou ech bis zu 70 Prozent bei enger Vollrenovatioun ka realiséieren. Ech kann awer och wann ech eenzel Mesurë wéi bei der Fassaden zum Beispill ëmsetzen, kann ech bis zu 30% ëmsetzen. A bei der Elektromobilitéit, déi wou d‘Méiglechkeet hunn, Doheem ze lueden, och am Dag ze lueden, déi kënnen duerchaus bis zu 70 Prozent vun hirer Facture, fir sech fortzebeweegen, reduzéieren.

D'Klimaagence huet zejoert alles an allem iwwer 16.000 Berodungen gemaach.

Back to Top
CIM LOGO