
Enn 2018 gouf eng ëffentlech Ausschreiwung fir 34 Rettungsgefierer lancéiert. Wéi gesot, ware Mëtt Februar déi éischt 11 ukomm, déi no enger kuerzer Formatioun a Betrib geholl goufen. Dës Ween sinn ënnert anerem méi modern a méi performant.
RTL-NEWS: Méi modern a méi performant Ambulanze fir de CGDIS
Elo koumen dann 8 weider Gefierer un, déi u 7 Asazzenteren aus dem Süden an eng aus dem Osten verdeelt goufen. Eng Aweisung gouf et déi Kéier a Form vun enger Video-Demonstratioun, sou datt d'Ekippen déi sozial Distanz konnten anhalen.