
De Vëlosfuerer, deen Enn Abrëll zu Miersch an e Gruef vun engem Chantier gefall war a liewensgeféierlech blesséiert gouf, ass u sengen schroe Blessure gestuerwen. Et handelt sech ëm en 72 Joer ale Mann vu Mamer.
Well den Oflaf vum Accident nach ëmmer net kloer ass, sicht d'Police weider no Zeien. D'Nummer vun der Police Miersch ass den 244 90 1000.
RTL-NEWS: Ee Cyclist gouf zu Miersch liewensgeféierlech blesséiert