
Aktuell sinn 128 Persounen hospitaliséiert, dovunner 21 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.175 aktiv Infektiounen a 55.761 Persoune gëllen als geheelt.
1.029 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 254 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 75.532 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.