CGDIS-BulletinSiwe Blesséierter bei fënnef Accidenter e Mëttwochmëtteg

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS haten e Mëttwoch de Mëtteg nawell genuch ze dinn. Bei fënnef Accidenter goufen am Ganze siwe Leit blesséiert.
© Laurent Weber

Zu Haassel an der Lëtzebuerger Strooss hat et géint 12.27 Auer tëscht zwee Autoe gerabbelt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Duelem, Weiler zum Tuer an aus der Stad versuergt.

Ee weidere Blesséierte gouf et kuerz viru 16 Auer zu Diddeleng an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte, wéi eng Persoun ugestouss gouf. Hei waren d’Rettungsekippe vun Diddeleng am Asaz.

Op der A1 Richtung Tréier tëscht dem Tunnel Houwald an dem Iergäertchen gouf et dann nach eng Kollisioun géint 16.40 Auer. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren d’Stater Pompjeeën an Ambulancieren.

E weideren Asaz fir d’Stater Rettungsekippe gouf et dann nach géint 16.44 Auer op der RN11 tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff. Och hei gouf eng Persoun bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoe verwonnt.

Zwou weider Persoune goufe géint 16.46 Auer blesséiert, wéi am Tunnel Biff zu Nidderkäerjeng zwee Autoen net laanschtenee koumen. Hei waren d’Pompjeeë vu Käerjeng a vu Péiteng op der Plaz, grad ewéi d’Ambulanciere vun Esch an dem Zenter SaDiff.

Back to Top
CIM LOGO