Coronavirus zu Lëtzebuerg6 weider Persoune gestuerwen, vun 10.102 Tester waren der 182 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 681 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 128 Persounen hospitaliséiert, dovunner 32 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.881 aktiv Infektiounen an 53.941 Persoune gëllen als geheelt.

2.867 Persoune kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 543 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 54.865 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO