Vergewaltegung vu 14 Joer alem Meedchen6 Joer Prisong mat Sursis a 5.000 Euro Schuedenersatz fir Affer

RTL Lëtzebuerg
Zu där Strof gouf e Mëttwoch am Nomëtten um Stater Geriicht e Mann verurteelt, dee sech wéinst ënner anerem Viol ze veräntweren hat.

6 Joer Prisong mat Sursis gouf et fir den Ugekloten. Donieft muss hien dem Affer 5.000 Euro Schuedenersatz bezuelen. Hie krut virgehäit, am Oktober 2018 zu Näerzeng e Meedche vun du 14 Joer vergewaltegt ze hunn. Speziell un dëser Affär war, dass de Mann en intellektuellen Handicap huet. Et gouf dann och eng Verännerung vum Urteelsverméigen zréckbehalen.

Back to Top
CIM LOGO