CGDIS50 Pompjeeë bei Vegetatiounsbrand zu Esch-Sauer am Asaz, 9 Blesséierter bei 6 Verkéiersaccidenter

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Laf vum Dag haten d'Rettungsekippe vum CGDIS all Hänn voll ze dinn.
© CGDIS

Wéi de CGDIS a sengem Bulletin mellt, koum et kuerz virun der Mëttesstonn zu engem Vegetatiounsbrand bei Eschduerf, net wäit vum Stauséi, dat an engem schwéier accessibele Beräich. E groussen Dispositif vu ronn 50 Pompjeeën huet musse mobiliséiert ginn, fir eng Ausbreedung vum Feier ze verhënneren. Dëst ass géint 14 Auer gelongen a ronn zwou Stonne méi spéit konnt d'Feier komplett geläscht ginn. Keng Persoun ass beim Brand zu Schued komm.

Mobiliséiert goufe Pompjeeën aus de CGDIS-Zentre vun Alebësch-Eschsauer, Colmer-Schieren, Ell, Feelen, Géisdref, Gréiwels, der Stauséigemeng, Lëntgen-Luerenzweiler, Rammerech a Wolz. Och Membere vum Groupe d'appui technologique et opérationnel (GATO) a vum Centre de soutien logistique (CSL) waren am Asaz.

Donieft gouf et am Laf vun e Freideg awer och eng ganz Partie Verkéiersaccidenter op eise Stroossen:

Tëschent Eescheler a Bruch um CR132 war géint 12:50 Auer en Auto an e Bam gerannt, woubäi eng Persoun verwonnt gouf. D'Secouriste vu Biwer, Manternach, Iechternach an och de Rettungshelikopter waren am Asaz.

Dräi Blesséierter gouf et um 14:14 Auer an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg, wou zwee Autoen net laanschtenee koumen. D'Stater Rettungsekippe waren op der Plaz, genee wéi och déi vum Findel.

Ganzer véier Gefierer waren dann op der A7 bei der Opfaart zu Recken, kuerz virum Mierscher Tunnel a Richtung Stad an en Accident verwéckelt. Hei gouf eng Persoun verwonnt, ëm déi sech d'Secouriste vu Biissen, Miersch an aus der Nordstad gekëmmert hunn.

Bannent enger Stonn gouf et dann nach dräi Accidenter mat jeeweils zwee Gefierer an insgesamt véier Blesséierten: Emol um 15.10 Auer tëschent Dippech a Betteng op der Mess, wou eng Persoun blesséiert gouf, géint 15.30 Auer tëschent Hamm a Sandweiler wou zwou Persoune verwonnt gi sinn a kuerz no 16 Auer an der Rue de Roedgen zu Reckeng op der Mess, wou nees eng Persoun zu Schued koum. Am Asaz ware bei dësen dräi Accidenter d'Secouriste vun Dippech, Mamer, der Stad, Monnerech a Schëffleng.

Back to Top
CIM LOGO