D'Fläch, op där mëttlerweil Bio-Produiten ugebaut ginn, wier vun 2019 op 2020 ëm 7% geklommen. Aktuell si gutt 5% vun der genotzter Fläch zu Lëtzebuerg fir de Bio-Ubau reservéiert.
D'lescht Joer wieren 12 nei Exploitanten dobäi komm, déi d'Restrukturatioun zu Bio entaméieren. Zwee konventionell Betriber géifen aktuell vun enger intensiver Berodung profitéieren, esou nach de Romain Schneider. Eng Rëtsch Projeten am Kader vum Relance Plang géifen aktuell och lafen.
Et wier Zil, d'Bio-Produiten op ëffentlecher Basis méi ze promouvéieren, fir datt de private Verbraucher mat migréiert.
Eng rezent Etüd weist, datt Lëtzebuerger ongeféier 12 Prozent vun hire Liewensmëtteldepensë fir Bio-Produiten aplangen. Den Undeel u Lëtzebuerger Bio-Produiten ass an de leschte Joren, och rezent, awer net substantiell an de Regaler am Supermarché eropgaangen. Dat wier awer eng Evolutioun, déi nach géif Zäit brauchen, heescht et vum Ministère.
Et ass en ambitionéiert Zil, iwwert den Aktiounsplang solle bis 2025 20 Prozent vun der Landwirtschaft Bio ubauen.