
Vun 13.919 Tester, déi duerchgefouert goufen, waren der 799 positiv. Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,2. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Aktuell sinn 169 Patienten hospitaliséiert, dovunner 26 op der Intensivstatioun.
