Coronavirus zu Lëtzebuerg5 Doudeger bäikomm op elo 193, vun 1.079 Tester waren der 180 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 5 op elo 193 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 198 Patienten hospitaliséiert, dovunner 40 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.118 aktiv Infektiounen, 13.913 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,82. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO