Am Lokalen5 Blesséierter no enger Partie Accidenter

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg gouf de CGDIS 4 Mol wéinst Accidenter geruff.
© RTL-Archiv

Kuerz no 12 Auer krute sech op der N14 tëscht der Fiels a Miedernach 2 Autoen ze paken. 1 Persoun gouf verwonnt.

Géint 13.06 Auer ass e Motocyclist op der N11 (Waldhaffa Richtung Gonnereng) gefall a gouf dobäi blesséiert.

Op der A13 a Richtung Péiteng ass en Auto géint d'Leitplank geroden. Hei ass de Bilan 1 Blesséierten.

Ëm 16 Auer sinn op der N15 tëscht Heischent an Nidderfeelen e puer Gefierer net laanschtenee komm. Dobäi goufen 2 Leit blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO