
Zu engem éischten Accident koum et deemno géint 17:40 Auer um CR306 tëscht Gréiwels a Groussbus. Wéi de CGDIS schreift, war hei en Auto an en "Obstakel" gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren d'Rettungsekippe vu Groussbus a Rammerech.
Kuerz no 18 Auer waren iwwerdeem en Auto an e Moto zu Diddeleng an der Lëtzebuerger Strooss anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt a vun de Rettungsdéngschter vun Diddeleng versuergt.
Um CR215A tëscht der Stad an dem Bambësch hat en Auto sech géint 23:20 Auer iwwerschloen. Am Ganze goufe fënnef Leit beim Accident blesséiert. D'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus der Stad hu sech ëm déi Blesséiert gekëmmert.