
Um 15:56 Auer war et tëscht Kàerjeng a Péiteng d'Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert.
Zu Diddeleng koum et um 15:46 Auer an der Rue de la Fontaine zu engem Verkéiersaccident. Een Automobilist gouf verwonnt.
An der Route de Luxembourg zu Dondel war et um 15:56 Auer och en Accident vun engem Gefier. Hei gouf et 2 Blesséierter.
Vegetatiounsbränn gouf et um 13:04 Auer tëscht Houfelt an dem Antoniushaff an um 15:38 Auer tëscht Berbuerg a Bech.