
Ee Blesséierte gouf et och bei engem Accident op der Escher Autobunn tëschent Märel an dem Zéissenger Kräiz, an dee 4 Gefierer verwéckelt waren.
Géint 21.30 Auer e Freideg den Owend goufen 3 Persoune verwonnt, wéi sech en Auto tëschent dem Biergerkräiz a Bäreldeng iwwerschloen huet.
An 2 Blesséierter gouf et 3.20 Auer an der Nuecht op e Samschdeg op der Areler Autobunn tëschent Helfent a Stroossen. Hei sinn 2 Autoen anenee geknuppt.